Léif Schülerinnen, léif Schüler, léif Elteren, léif Frënn vun der Uewerkuerer Schoul,
De Relais pour la vie ass fir eis Uewerkuerer Enseignanten säit laangem en Datum an eisem Agenda. Zënterdeems mär virun e puer Joer en Aarbechtskolleeg a gudde Frënd un d’Krankheet verluer hunn, huet dëst Evenement awer nach ganz vill u Bedeitung fir eis gewonn.
Mär wiere frou, wa vill Leit eis an dësem spezielle Joer géifen ënnerstëtzen.
E grousse MERCI u jiddereen, dee sech eis, sportlech oder mat engem Don, uschléisst! ♥
28/03/2021