Léiwe Bopa, laang hues du géint de Kriibs gekämpft an du hues nie opginn. Leider bass du vrun zwee Joer vun eis gaangen an un dem Relais pour la Vie 2021 gi mir elo fir dech! D’Equipe „Eisen Bopa, de Schmatt vu Béiwen“ wier frou, wann dir eis kéint ënnerstëtzen fir dass mir sou vill Suen wéi nëmme méiglech ob dem Relais pour la Vie 2021 kéinte sammelen. „Gidd“ mat eis, fir dass mir all zesummen ee Schratt a Richtung eng Zukunft ouni Kriibs kënne goen. Aus déifstem Häerzen, villmools Merci Iech all!
29/03/2021