D'Equip vun der ESEB aus der Schouldirektioun 01 Lëtzebuerg Stad ënnerstëtzt d'Fondation Cancer um Relais pour la Vie 2021.
Solidaritéit a Matgefill si wichteg Atouten, ma besonnesch elo zu Zäiten vu sozialer, an och deelweis emotioneller Distanzéierung, ass et wichteg, ee fir deen aneren do ze sinn.
Ganz no eisem Motto "Zesumme, mat dir, fir dech!" droe mer gären gemeinsam eisen Deel dozou bäi fir d'Fuerschung unzedreiwen an déi betraffe Mënschen an hirem Kampf géint de Kriibs ze ënnerstëtzen.
Mer freeën eis iwwert all eenzelen Don, dee fir dëse gudden Zweck gesammelt gëtt!
Mat beschte Gréiss,
D'Equip ESEB DR01
16/03/2021
👏🏻👏🏻👏🏻